Mittwoch, 10. Februar 2010

Europaparlament: Vote iwwer auto. Informatiounsaustausch

Europaparlament: Vote iwwer auto. Informatiounsaustausch
RTL - 10.02.2010, 07:00 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.02.2010, 10:31

Am Europaparlament gëtt e Mëttwoch doriwwer ofgestëmmt an et ass kee Secret, datt eng Majoritéit der Meenung ass, datt d’Bankgeheimnis muss ofgeschaaft ginn.

Ass den automateschen Informatiounsaustausch wirklech d’Wonnerwaff wann et drëms geet an der europäescher Unioun Steierbedrug a Steierhannerzéiung efficace ze bekämpfen?

Déi, di wéi d’Lëtzebuerger, anerer Meenung sinn, stinn zimlech alleng do. Et ass net di éischte Kéier, datt d’Europaparlament eng Attack géint d’Bankgeheimnis reide geet an eemool méi de Grand-Duché am Viséier huet.

A grad ewéi déi Kéieren virdrun ass et och elo iwerdriwwen, seet d’CSV-Europadeputéiert Astrid Lulling. Lëtzebuerg hält sech un d’Standarden vun der OCDE a mir hunn d’Quellesteier, wat dee beschte Wee ass, fir datt d’Leit d’Steieren bezuelen.

Problem ass just, datt d’Majoritéit am Parlament dat anescht gesäit. Och wann d’Parlament am Steierdossier net matdecidéiere kann, de Vote also eigentlech keng Bedeitung huet, sou ass et dach awer e schlecht Signal.

Sou d’Astrid Lulling, déi betount datt de Lëtzebuerger Finanzminister Luc Frieden op der europäescher Bühn net soll noginn.

A souwéisou fonktionéiert den automateschen Informatiounsaustausch net an der Praxis. A souguer wa Lëtzebuerg an Eisteräich géife nogin, géif et net besser ginn, sou d’Astrid Lulling.

De Vote zu Strosbuerg iwwert den automateschen Informatiounsaustausch ënnermauert dat, net fir d’éischt a net fir d’lescht

Keine Kommentare: