Mittwoch, 2. September 2009

Lulling: Auteur vu Skandalbuch gëtt zou, gelunn ze hunn (RTL)

Lulling: Auteur vu Skandalbuch gëtt zou, gelunn ze hunn
RTL - 02.09.2009, 16:58 - Fir d'lescht aktualiséiert: 02.09.2009, 17:05
Affär Astrid Lulling: Frëschgebackenen Europadeputéierten Derk Jan Eppink an Auteur vum Skandalbuch gëtt zou, dass hien alles erfonnt huet.

Links
RTL-NEWS vu Behaaptungen rondrëm d'Astrid Lulling
Am Mee war e Buch erauskomm, iwwer d'Kulissen an den europäeschen Institutiounen. Op enger décker Säit war Rieds gaange vun der Lëtzebuerger Politikerin Astrid Lulling; an enger gewëssener Nuecht wär et esou bont am Bett gedriwwe ginn, datt hiren Amant dobäi gestuerwe wier.
D'Madame Lulling hat sech demols doriwwer verwonnert gewisen a wollt Explikatiounen hunn vum Auteur.
Dat war virun de Wahlen. Elo ass den Auteur selwer Europadeputéierten an den Derk Jan Eppink huet iwwerhaapt keng Problemer, sech bei der Madame z'entschëllegen. All déi Racontare wären aus der Loft gegraff.
An elo mécht de Mann Politik.

Keine Kommentare: