Dienstag, 9. Juni 2009

Conseil National des Femmes: Gemëschtene Wahl-Bilan

Conseil National des Femmes: Gemëschtene Wahl-Bilan
RTL - 09.06.2009, 12:19

Et gëtt e Fortschrëtt, mee et geet lues virun - dat ass de Bilan vum Conseil National des Femmes no de Wahlen 2009.

De Conseil National des Femmes (CNF) huet en Dënschdegmoie seng Analyse iwwert d'Ofschneide vun de Frae bei dëse Wahle präsentéiert.

Vun de 60 Deputéiert, déi an d'Chamber gewielt goufen, si 15 Fraen. Dat mécht genee ee Véierel an dat ass eng Progressioun par rapport zu de Wahlen vru 5 Joer.

Bei den Europawahlen sinn ënnert de 6 gewielten Depütéiert genee een Drëttel Fraen.

Souwuel den Undeel vun de Kandidatinnen op de Lëschten, wéi och dee vun de Gewielte Fraen géif also an d'Luucht goen, sou d'Renée Wagener, déi d'Analyse am Optraach vun CEPS-Instead an dem Conseil gemaach huet.

Quoten hätten een Impakt, mee aner Facteuren géifen och eng Rolle spillen.

D'Präsenz an de Medien wier do zum Beispill ganz wichteg - an do wier de Bilan, besonnesch wat déi offiziell Table ronden am Radio an op der Télé ugeet, alles anescht wéi positiv.

Hei waren ënnert de 76 Politiker just 10 Fraen.

http://wahlen.rtl.lu/news/aktualiteiten/28117.html

Keine Kommentare: