Donnerstag, 11. Juni 2009

Gebuertsdagskand: d'Astrid Lulling kritt den 11. Juni 80 Joer (rtl.lu)

Gebuertsdagskand: d'Astrid Lulling kritt den 11. Juni 80 Joer
RTL - 11.06.2009, 07:35 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.06.2009, 21:39

D'Astrid Lulling, eng vun deene Politikerinnen hei am Land, déi am längsten am Geschäft sinn, kritt den Donneschdeg, 11. Juni 80 Joer.

Viru 44 Joer ass d'Astrid Lulling, eng vun deene Politikerinnen hei am Land, déi am längsten am Geschäft sinn - wann net déi mat där längster Experienz op der politescher Bühn -, fir d'éischte Kéier an d'Europaparlament gewielt ginn – an zanter 20 Joer ass si ouni Ënnerbriechung zu Stroossbuerg vertrueden.

Si ass, dat seet si vu sech selwer, d'Mémoire vum Europaparlament. Fir bis dohin ze kommen, brauch een eng Portioun Selbstvertrauen – an doru felt beim Gebuertsdaagskand net.

D'Astrid Lulling iwwert hir Selbstvertrauen an hiren Alter: »

An d'Madame Lulling schéngt och hiert eegent Rezept ze hunn, wéi ee gesondheetlech fit bleift: heiansdo e Pättche Wäin ...

D'Astrid Lulling iwwert de Wäin ... »

Astrid Lulling am Musek-Express!

Am Musek-Express vum Donneschdegmëtteg (no 16 Auer) ass déi Kéier dann och ee ganz speziellen Invité beim Dan Spogen: An zwar d'Doyenne aus dem Europaparlament, d'CSV-Deputéiert Astrid Lulling.

All Guddes also vun dëser Plaz fir déi nächst 80 Joer, Astrid Lulling!

http://wahlen.rtl.lu/news/aktualiteiten/28191.html

Keine Kommentare: