Montag, 25. Mai 2009

CNF: Parteie beschäftegen sech net genuch mam Frae-Statut

CNF: Parteie beschäftegen sech net genuch mam Frae-Statut
RTL - 25.05.2009, 18:11 - Fir d'lescht aktualiséiert: 25.05.2009, 18:15
CNF: D’Sozialversécherung fir gescheed Fraen as och 2009 nach ëmmer keng Selbstverständlechkeet.

De Conseil National des Femmes huet d’Wahlprogrammer vun dësem Joer analyséiert a mat Enttäuschung festgestallt, dass déi wéinegst Parteien sech sérieux mam Statut vun der Fra an der Gesellschaft beschäftegen. Virun allem d’Fro vum Rentesplitting läit der Presidentin vum Nationale Fraerot, Astrid Lulling um Häerz.
D’Selbststännegkeet vun der Fra am privaten an am professionnelle Liewe bleift e grousst Uleies vum CNFL.
D’Astrid Lulling hofft dass daat och fir déi nächst Regierung eng Prioritéit wäert sinn.

Keine Kommentare: