Freitag, 22. Mai 2009

A. Lulling weist Behaaptunge vun homicide involontaire zréck

A. Lulling weist Behaaptunge vun homicide involontaire zréck
RTL - 22.05.2009, 18:09 - Fir d'lescht aktualiséiert: 22.05.2009, 20:51

D'Astrid Lulling weist sech erstaunt iwwer d'Behaaptunge vun engem hollännesche Journalist, e fréiere Minister wär an hirem Bett gestuerwen.

Petits secrets et grandes intrigues ass den Titel vum Buch vun engem fréieren hollännesche Journalist , deen duerno Conseiller gouf vum Kommissair Bolkestein.

Op der Säit 130 schreift de Mann, d'Madame Astrid Lulling hätt an hirer Jugend e Mann, fréiere Lëtzebuerger Minister, am Bett drop gemaach. De Mann wier bei hir am Bett gestuerwen, an dorobberhin hätt si d'Parlament zu Stroossbuerg musse verloossen.

D'CSV-Europa-Deputtéierten huet dem Journalist elo geschriwwen.

Si seet mat enger Portioun Humor, datt si an deem Buch Saache vun sech selwer gewuer gëtt, déi si bis dato nach net wosst.

Si wonnert sech allerdéngs, datt den Auteur net méi recherchéiert huet; emmerhi géing hie vun engem homicide involontaire schreiwen, wat jo net näischt ass.

De Mann sollt frou sinn, datt si, Astrid Lulling, sech net op dës Virwërf fixéiert

Keine Kommentare: