Dienstag, 26. Mai 2009

Generalversammlung vun der Fédération Saint Hubert des Chasseurs du Grand Duché de Luxembourg.

Ried vun der lëtzebuerger Europadeputéiert Astrid Lulling, Vize-Presidentin vum Intergrupp Nohalteg Juegd, Biodiversitéit a ländlech Aktivitéiten am Europäesche Parlament, de 24. Mee 2009 zu Wolz bei der 6. Generalversammlung vun der Fédération Saint Hubert des Chasseurs du Grand Duché de Luxembourg.

Et sinn elo 20 Joer, dass déi deemools zwou Jeeërorganisatiounen, déi haut an der Fédération Saint Hubert des Chasseurs vum Grand-Duché vereent sinn, mech gefrot hunn, si am deemoolegen Intergroupe Chasse, Pêche et Environnement vum Europäesche Parlament ze vertrieden. Dat wat eng grouss Éier, awer och eng Erausfuerderung. Ech hunn an deenen 20 Joer vill gutt Frënn vun der Juegd an all Memberstate vun der E.U. kenne geléiert, déi sech fir eng nohalteg Juegd an Europa agesat hunn, och vill interessant Kollegen aus alle politesche Fraktiounen. Ech sinn houfreg, datt ech esou guer Vizepresidentin gi sinn vun deem Intergrupp, dee sech der Zäit ugepasst, ëmgedeeft huet: en heescht elo Intergrupp nohalteg Juegd, Biodiversitéit a ländlech Aktivitéiten.

Wéi och hei zu Lëtzebuerg, hunn déi Politiker, déi nach de Courage hunn, sech fir d’Interesse vun deene 7 Millioune Jeeër an der Europäescher Unioun anzesetzen, et net ëmmer liicht. Allerdéngs muss ech soen, dass d’Ufeindungen, deenen och d’Memberen vun dem Intergroupe am Europäesche Parlament ausgesat sinn, awer net sou krass a primitiv sinn, wéi mer dat hei zu Lëtzebuerg leider erliewe mussen. Am Däitsche gëtt et en Ausdrock fir déi Leit ze beschreiwen, déi iwwer Saachen a Problemer schreiwen, besonnesch a Lieserbréiwer, vun deene si näischt verstinn oder näischt verstoe wëllen: et heescht, si wiere vu kenger ‘Sachkenntnis getrübt’. Dat sinn awer déi geféierlechst Leit, besonnesch wa se och nach systematesch d’Politiker, déi sech beméien en Dossier, wéi deen iwwer dat neit Juegdgesetz zu Lëtzebuerg, seriös ze studéieren a sech eng objektiv Meenung ze maachen, regelrecht mat Drohunge versichen ze erpressen. Leider ginn ëmmer méi Kollegen an d’Getten, well se fäerten net erëmgewielt ze ginn, wa se kee gestéiert Verhälntis zur Juegd an de Jeeër hunn. Ech gehéieren net zu deene Fäertäersch a sinn houfreg, dass ech am Europaparlament an deene leschten 20 Joer méi Beiträg konnt leeschten, fir europäesch esou vill wéi néideg an esou wéineg wéi méiglech ze reglementéieren, fir datt déi räich a villfälteg kulturell Aspekter vun de Juegdtraditiounen erhale bleiwen, déi och nach zu eisem Patrimoine gehéieren. Dat muss emol hei gesot ginn.

Ech wëll elo net alles opzielen, wat mer an deene leschten 20 Joer an deem Intergrupp an deene villen Domäne geschafft an erreecht a verhënnert hunn, mat der exzellenter a professionneller Begleedung vun der FACE, där och Dir ugehéiert, dem euorpäeschen Zesummeschloss vun den nationale Juegdverbänn an deene 27 E.U. Memberstaten an am Europarot.

Et mécht mech besonnesch traureg, dass an der Majoritéit Fraen d’Auteure vun onqualifizéierten Hetzartikelen a – kampagnen géint d’Juegd sinn. Ech wéilt, si géifen den ausgezeechente Manifest vun der FACE liesen, dee fir déi nächst Legislaturperiod 2009-2014 de Membere vum Europäesche Parlament ënnerbreet gouf.

Erhalung vun der Natur, dem ländleche Raum, Management vun der Biodiversitéit, Respekt fir Wëld, Zesummenaarbecht fir den Naturschutz, Nohaltegkeet fir d’Zukunft dat sinn d’Juegdthemen op europäeschem Niveau, mat engem Asaz a Verantwortungsgefill vun allen Akteuren, déi mat der Juegd ze dinn huet, dee mer leider bei deene viscerale Juegdgéigner a bestëmmten Déierschutzlobbyiste vermëssen.

Méi wéi jee brauche mer am Europäesche Parlament e staarken, duerchsetzungsfäegen Intergrupp. Ech hoffen, dass mer erëm genuch Kollege fir d’Mataarbecht am Intérêt vun der nohalteger Juegd an der Erhalung vun der Biodiversitéit gewanne kënnen. Dat ass besonnesch wichteg, well leider a leschter Zäit an der europäescher Kommissioun, virun allem bei dem jëtzegen Ëmweltkommissär Dimas, eng Tendenz besteet, iwwer Ëmweeër an ënner dem Virwand “Wuelbefanne vun den Déieren – animal wellfare, Déieren Gesondheetsstrategie” versicht gëtt a Beräicher eranzereglementéieren, wou se keng legal Kompetenz huet, wat derzou féiert, Iech d’Liewe mat ëmmer méi Bürokratie méi schwéier ze maachen, mat dem Resultat, dass d’Leit onnéideg géint Europa opgestëppelt ginn.

Ech weess, datt mer leider a punkto Fräizügegkeet vun de Jeeër, mat hire Waffen, hirer Munitiounen, Permisen an Assürancen an der E.U. nach e sëllechen ze vereinfachen hunn. Dat ass och de Fall wat den Transport vu Wëld an Trophäen ugeet.

Dir gesitt, mer brauchen och déi nächst 5 Joer e staarken Intergrupp am Europa Parlament.

Et ass un Iech dofir ze suergen.
Op mech kënnt Der zielen.
Astrid Lulling

Keine Kommentare: