Montag, 11. Mai 2009

Präsenz am Europaparlament: Lulling viru Goebbels

Präsenz am Europaparlament: Lulling viru Goebbels
RTL - 11.05.2009, 19:08 - Fir d'lescht aktualiséiert: 11.05.2009, 19:13
Commentaire ofginn? Hei klicken!
E Sondage verréit, wéi eng Deputéiert am meeschte präsent waren. Aus Lëtzebuerger Siicht: Lulling viru Goebbels, Hennicot, Turmes, Spautz a Polfer.



Di éisträischesch Deputéiert am Europaparlement sinn déi fléissegsten, besser gesot, sinn am meeschten an de Sëtzungen derbäi, d'Italiener feelen am heefegsten. Dat ass d'Resultat vun engem Sondage vu Chercheuren vun der London School of Economics an der ULB vu Bréissel op der Internetsäit http://www.votewatch.eu/.

Do gesäit een och datt nëmme 6 Europa-Deputéiert keng Séance an hirem Mandat verpasst hunn. D'Astrid Lulling ass do sou just net derbäi.

D'CSV-Politikerin ass awer déi Europadeputéiert déi vun de 6 Lëtzebuerger am meeschten bis ewell präsent war a kënnt op genee 98,99%. Op déi zweete Plaz kënnt de Robert Goebbels mat 93%. D'Erna Hennicot Schoeppges war bei 92% vun de Seancen derbäi, dann de grénge Claude Turmes mat 91, de Jean Spautz mat 81 an um Wupp, dach e bëssche ofgeschloen, d'DP-Deputéiert d'Lydie Polfer. Si souz bei 64% vun de Sëtzungen am Plenum zu Stroossbuerg.

Keine Kommentare: